Ee Chargé de direction (m/w) 40 St/W CDI [Luxembourg]


 

Är Aufgaben:

d'Leedung vun der Crèche


Äre Profil:

  • Eng hei zu Lëtzebuerg unerkannten Ausbildung als Sozialpädagog (m/w)
  • Eng Beruffserfarung vu 3 Joer a Kenntnisser an der Leedung vun engem Grupp kënne vu Virdeel sinn (Beruffsufänger an enger Leedungspositioun kënne vun internem Coaching profitéieren)
  • Déi 3 Landessprooche beherrschen (L/D/F). Lëtzebuergesch ass eng Viraussetzung am Ëmgang mat de Kanner an den Elteren. Besonnesch auslännesch Kanner solle jo hei bei eis integréiert ginn an dat geschitt och iwwert d'Sprooch. Si ass eng Basis fir dem Kand säin Erfolleg spéider hei an der Schoul.
  • Gutt Kenntnisser vun der Entwécklung vum Kand, besonnesch am Alter vun 0-4 Joer
  • Kenntnisser an der Pikler-Pädagogik si vu Virdeel
  • Gutt Kenntnisser vum “Nationaler Rahmenplan zur non-formalen Bildung im Kindes- und Jugendalter”
  • Ee gültegen Éischthëllefscours gemaach hunn
  • No flexibelen Auerzäite schaffe kënnen (d’ Crèche ass am Prinzip vu moies 07.00 Auer bis owes 19.00 Auer op)
  • Gutt Computerkenntnisser (MS-Office); eng ganz Rei vun Dokumenter gi via PC tëschent den eenzele Servicer vun der MR transferéiert.
  • Bereet sinn, Formatiounen am Leedungsberäich ze maachen
  • De Führerschäin Klass B
  • Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
  • Wäertschätzung a Kooperatiounsfäegkeet
  • Teamfäegkeet an Hëllefsbereetschaft


Mir bidden:

  • 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
  • Ustellung ab September 2023
  • Méiglechkeet u gezielten Weiderbildungen deelzehuelen
  • Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag a gëtt maximal an der Carrièer C6 bezuelt
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
  • Casier judiciaire no 4 a 5
  • Führerschäin Klass B
  • Eischt Hëllefscours
Delai fir d'Kandidatur: 02.06.2023

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)


Uspriechpartner:

Directrice adjointe des SEA:

Tessy Hansen
48A, avenue Gaston Diderich
L-1420 Luxembourg

Tel. +352 450774 - 6022
www.elisabeth.lu


 

.

Post a Comment

Previous Post Next Post

Sponsored Ads

نموذج الاتصال